Schlass Weimerech

From Wikipedia
Schlass Weimerech
D'Schlass Weimerech ëm 1900
Land Lëtzebuerg
Gemeng Jonglënster
Plaz Weimerech
Koordinaten 49°42'9,5"N, 6°16'22,4"O
Datum vum Bau 1899

D'Schlass Weimerech (och an der Schreifweis Weimericht oder Weimerich) ass en herrschaftlecht Haus an der Gemeng Jonglënster. Et steet laanscht den CR132, tëscht Gonnereng an Eescheler, am Naturschutzgebitt Weimericht.

D'Haus gouf 1899 fir de Geschäftsmann Virgil Burg gebaut[1]. Et gouf e puermol rafistoléiert an ëmgebaut.

Zulescht huet eng eeler Koppel dra gewunnt, déi béid am November 2004[2] gestuerwe sinn. Zanterhier steet d'Haus eidel a verfält. D'Gemeng Jonglënster huet et 2006 fir 135.000 Euro[2] vun engem Ierwe vun der Koppel ofkaaft, mee jorelaang weider näischt dru gemaach. 2017 huet s'et du fir 30 Joer der Natur- a Bëschverwaltung verlount. Déi wollt do eng Zort "Fliedermaushotel" draus maachen. Well d'Bausubstanz sech an de 5 Joer dono weider verschlechtert huet, a weider näischt um Bau geschitt ass, goufen dës Pläng der Naturverwaltung ze deier. Duerfir soll e Fliedermaustuerm an der direkter Noperschaft opgeriicht ginn.[3] D'Gebai bleift weider dem Verfall iwwerlooss. (Stand: Mee 2024)

No der Anne Schroeder aus dem Gemengerot hätt d'Schlass Weimerech nach ni eng Roll fir Jonglënster gespillt.[4]

Literatur[edit | edit source]

Um Spaweck[edit | edit source]

Commons: Schlass Weimerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[edit source]

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Junglinster: Ein Schloss für Fledermäuse." tageblatt.lu, 26. August 2020, 17.05 Uhr.
  2. 2,0 2,1 Einsam und verlassen an der Literatur
  3. Volker Bingenheimer, Nicht einmal Fledermäuse wollen ins verfallene Schloss einziehen. Die Naturverwaltung hatte vor, die Ruine bei Junglinster für Fledermäuse umzubauen. Dann schreckte sie vor den exorbitanten Kosten zurück., wort.lu [€] 18.5.2024
  4. Volker Bingenheimer: "Baufällige Villa bei Junglinster, Das Fledermaus-Schloss, das niemand will." wort.lu [€], 7.12.2022 // Niemand will das Fledermaus-Schloss, Die einen wollen es abreißen, die anderen am liebsten loswerden. Aus den Plänen, Schloss Weimerich zu einem Biotop für Fledermäuse umzubauen, wird wohl nichts, Luxemburger Wort, 9. Dezember 2022, S. 16